Gemeng Monnerech

From Wikipedia
Gemeng Monnerech
d'Gemengenhaus vu Monnerech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mondercange
de: Monnerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Monnerech
Buergermeeschter Jeannot Fürpass (CSV)
Awunner 7.119
  1. Januar 2023
Fläch 2.140 ha
Héicht 290 m
Koordinaten 49° 31’ 55’’ N
      5° 59’ 20’’ O
LAU-Code LU0208
Websäit http://www.mondercange.lu/

D'Gemeng Monnerech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Monnerech vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[edit | edit source]

D'Gemeng Monnerech läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 an 340 m (NG-L).

Nopeschgemenge si Reckeng op der Mess a Leideleng am Norden, Beetebuerg am Osten, Schëffleng an Esch-Uelzecht am Süden a Suessem am Westen.

Duerch d'Gemeng lafen d'Baache Mierbech, Bréckenderbaach, Kiemelbaach, Kazebaach, d'Mess an och d'Uelzecht op engem kuerze Stéck.

Uertschaften an der Gemeng [1][edit | edit source]

Häff a Lieu-diten an der Gemeng[edit | edit source]

Verkéier an Transport[edit | edit source]

Déi wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'A4 an d'N13, op engem kuerze Stéck och nach d'A13. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 106, 164, 169 an 172 duerch d'Gemeng.

D'Gemeng Monnerech läit um Wee vun den RGTR-Linnen 612, 641, 750 an der TICE-Linn 17.

Aktivitéitszonen[edit | edit source]

D'Aktivitéitszon ZARE läit laanscht d'A13 zu engem klengen Deel um Gebitt vun der Gemeng Monnerech. Zu Féiz ass zu béid Säite vum CR164 eng grouss Geschäfts- an Aktivitéitszon.

Geschicht[edit | edit source]

D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op d'Uertschaften aus der Gemeng Monnerech. Dës Dierfer blouwen duerch den Akerbau gekennzeechent. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng reegelrecht Bevëlkerungsexplosioun.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[edit | edit source]

Quell:STATEC

Wopen[edit | edit source]

Beschreiwung am Originaltext:

coupé d'or et d'argent, à la fasce de gueules brochant, accompagné en chef d'une rose à six feuilles de gueules entre deux étoiles du même, en pointe d'une porte ouverte du même.

Politik[edit | edit source]

De Gemengerot vu Monnerech gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer ADR CSV DP gréng LSAP PPL
1999 1 4 3 1 4 -
2005 1 4 2 1 5 -
2011 0 3 2 1 7 -
2017 - 5 2 1 5 -
2023 - 6 2 0 4 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[edit | edit source]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal Syndikater[edit | edit source]

D'Gemeng Monnerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[edit | edit source]

  • Zu Monnerech um CR106 ass déi eenzeg Karting-Pist am Land
  • De Formatiounszenter vun der FLF läit och um CR106 nieft der Karting-Pist

Literatur[edit | edit source]

  • Weber, John: La population de Mondercange de 1766 à 1803 - In: 100 Joer Pompjeën Monnerech: 1901 - 2001. - Monnerich: Sapeurs-pompiers, 2001. - P. 128-141, tabl.

Kuckt och[edit | edit source]

Um Spaweck[edit | edit source]

Commons: Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[edit source]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-05.